@ Vum Ping-Pong zum Dëschtennis

 

 

VUM PING-PONG ZUM DËSCHTENNIS

Zesumme kënnen hirem Lieblingssport nogoen an der Duerfjugend nift dem Fussball eng interessant sportlech Alternativ ze bidden, huet déi zwéin Nopere Paul Dostert a Jos Wagner 1962 motivéiert fir op de Wee vun enger offizieller Veräinsgrënnung ze goen. De 5. Juli 1962 war et esou wäit an en éischte Comité mat René Wagner (Trésorier), Jos Wagner (Sekrétär), Paul Dostert a Mathias Schmitt (Memberen) ëm de Präsident Léon Stirn huet ugefaangen de 40. Veräin vun der letzebuerger Deschtennisféderatioun ze organiséieren a seng éischt Geschécker ze leeden.

Mangels eegene Spiller ass déi éischt Saison 1962/63 mat Iechternacher Verstäerkung an de Persoune vum Vic Wiroth, Jos Schosseler a François Wiltgen ugefaange ginn. Lues a lues konnt awer och d’Duerfjugend fir de Ping-Pong begeeschtert ginn a vun 1963 u gouf de Sport dann och vum neie Schoulmeeschter Edmond Steyer an der Primärschoul un d’Jongen bruecht. Fir den Nowues war deemno gesuergt an am neie Festsall vum Café Heinen an der Bruttgaass konnten ab der Saison 1963/64 dann och schon 2 Seniorséquipen opspillen. Als Trainings- a bei der Féderatioun ugemëllten Ersatzsäll stunge d’Raïmlechkeete vum Camping Stirn an der Metzgerei Schilt zur Verfügung. 1965 konnt de Veräin schon 25 Memberen zielen an 1966/67 konnten déi éischt 2 Jugendéquipen ugemellt ginn.

Jugendéquipe mat Konsbruck Georges, Gilbertz Carlo, Gillen Ed an Eiffes Fernand

Jugendéquipe mat Konsbruck Georges, Gilbertz Carlo, Gillen Ed an Eiffes Fernand

Jugendéquipe mat Eiffes Fernand, Schmalen René, Müller Jean an Konsbruck Georges

Jugendéquipe mat Eiffes Fernand, Schmalen René, Müller Jean an Konsbruck Georges

Bei den deemolege Jugendspiller muss ee secherlech de Georges Konsbruck eraushiewen, deen an der Saison 1966/67 zweetbeschte Scolairesspiller op nationalen Tournoie war an Scolairesnationaléquipe gespillt huet.

De Veräin ass steetig gewuess a konnt op sengem 10ten Anniversaire scho mat 4 Seniorséquipen untrieden. Et war dann och bei dësem Anniversaire wou de Baertrëffer Veraïn 1971 déi 1ten Ostmeeschterschafte mat groussem Succès an zur vollster Zefriddenheet vun der Féderatioun organiséiert huet.

1972 - 10ten Anniversaire:  Wagner Jos, Prim Georges, Schmalen René, Schuller Jos, Eiffes Fernand, Schilt René, Gillen Ed, Müller Jean, Konsbruck Georges an Edmond Steyer

1972 - 10ten Anniversaire:

Wagner Jos, Prim Georges, Schmalen René, Schuller Jos, Eiffes Fernand, Schilt René, Gillen Ed, Müller Jean, Konsbruck Georges an Edmond Steyer

Am Joer 1971 ass de Veräin no der Kënnegung vum Lokal Heinen a Sallnout geroden an huet misse mat sengen Equipen an d’Säll vun der Gemeng, dem Gesank an der Musek auswäiche bis 1972 den Sall vum Camping Maartbësch zur Verfügung stung.

An der Saison 1971/72 huet den Baertrëffer Dëschtennis an der Persoun vum Georges Konsbruck den Ostmeeschter an der C-Kategorie gestallt. D’éischt Equipe vum Veräin ass an de Joeren 1970-1979 tëschent der 1ter an 2ter Divisioun hin- an hirgependelt éier sie 1980 de sensationnellen Opstieg an d’Eierenpromotioun gepackt huet. D’Equipe Georges Konsbruck, Georges Prim, François Schummer an Pierre Millen huet mat deser Leeschtung eemoleg Veräinsgeschicht geschriwwen.

1. Equipe Saison 1977/78:  Prim Georges, Millen Pierre, Schummer François an Konsbruck Georges

1. Equipe Saison 1977/78:

Prim Georges, Millen Pierre, Schummer François an Konsbruck Georges

Nom 20ten Anniversaire am Joer 1982 konnt dem Veräin seng Jugendaarbecht definitif seng Friichten droen an et konnte mat Ausnam vun der Saison 1987/88 an 1992/93 bis haut ëmmer Jugendéquipe an deene verschiedenen Alterskategorien ugemellt ginn

1982 – 20ten Anniversaire

1982 – 20ten Anniversaire:

1. Rei: Schilt Frank, Wagner Claude, Schmit Guy, Wagner Gaby, Bichler Claudine

2. Rei: Bentner Carlo, Millen Eugène, Prim Georges, Freimann Daniel,

Mailliet Suzette, Speller Dan, , Wolf Paul, Schuller Jos

3. Rei: Poos Pierrot, Schmitt Jean, Schmitt Fernand, Gruber Claude, Hubert Georges

 

An der Saison 1983/84 konnt eng éischt Damenéquipe op d’Bee gesat ginn, déi no kuerzer Paus nees vun 1987 bis 1996 aktiv um Championnat deelgeholl huet.

D’Veräinsdirigenten hunn dann och 1984 beschloss, den Encadrement an d’sportlech Weiderentwécklung vun de Jugendspiller an déi erfueren Hänn vum Jeanny Dom (villmolege Landesmeeschter bei den Dammen) ze leeën.

Bei der Geleeënheet vum 25ten Anniversaire an der Saison 1986/87 konnten sech déi Baertrëffer Spiller mat Sportskollegen aus der Regioun op engem Equipentournoi moossen.

Op individuellem Plang bleift de Vize-Landesmeeschtertitel vun de Schwëstere Christiane a Nadine Diedenhofen beim Dammendouble an der D-Klasse 1991/92 ervierzehiewen.

Wéinst Ëmbau- an Vergréisserungsaarbechten um Sall vum Camping Maartbësch huet de Baertrëffer Dëschtennis an den Joeren 1991-1993 an de Gemenge-, de Musekssall an esouguer an d’Sportshal op Befort missen auswäichen.

Vun 1995 bis 1999 konnt mam Trajan Ciocou (zu där Zäit stäerksten lëtzebuerger Spiller) en weideren héichkarätegen Trainer verpflicht ginn. Déi ënnert senger Regie rekrutéierten an haut vum Pierrot Poos betreite Jugendspiller versprieche vill an waerten an deene kommende Joeren duerch kollektiv an individuell Leschtungen op sech opmierksam maachen.

D’Equipe Minimes an d’Equipe Scolaires konnten an der Saison 2001/2002 esouguer an der héchster Spillklass, der 1. Division opspillen.

Vun 1996 gëtt zu Éiere vum Veraïn séngem verstuerwenen Präsident Erich Machaczek, besser bekannt als „Onkel“, all Joer e Challenge mat 12 Equipen zou Baertrëff gespillt.

Déi konstant a progressiv Entwécklung vum Veräin ass d’Zeechen vun enger gudder Equipenaarbecht ronderëm déi jeeweileg Präsidenten an hire Comité.

Léon Stirn – Präsident vun 1962-1964

Léon Stirn – Präsident vun 1962-1964

Edouard Lambinet – Präsident vun 1964-1966

Edouard Lambinet – Präsident vun 1964-1966

Pierre Müller – Präsident vun 1966-1972 an1980-1983

Pierre Müller – Präsident vun 1966-1972 an1980-1983

Erich Machaczeck – Präsident vun 1972-1980

Erich Machaczeck – Präsident vun 1972-1980

Carlo Bentner – Präsident vun 1983- …..

Carlo Bentner – Präsident vun 1983- …..

 

Wann och am Joer 2002 den Effektiv vum Dëschtennis 1962 Berdorf asbl (wéi de Veräin vun 2000 un offiziell heescht) net deen héchsten an der Veraïnsgeschicht ass, esou muss én awer de Bléck op d’Veräinszesummesetzung riichten.

Diagramm vum Veraïnseffektif 1962-2002

Diagramm vum Veraïnseffektif 1962-2002

Haut steet eng nach ni kannten Zuel Jugendspiller vis-à-vis vun enger Rei Senioren, déi sech duerch hir laangjäreg a konstant Memberschaft auszeechnen. Dës Mëschung aus Erfahrung a frëscher Energie ass Ausdrock vun Zukunftspotential a garantéiert eng geséchert Entwécklung vum Veräin.

 

 

Copyright (c) Dëschtennis Berdorf 2014. All rights reserved.