@ E kulturellen Engagement

 

 

E KULTURELLEN ENGAGEMENT

 

Trotz sengem gutt gefëllte Sportskalenner huet de Baertrëffer Dëschtennis ëmmer d’Zäit fond aktiv um kulturellen Duerfliewen déelzehuelen an dëst duerch seng vill Manifestatioune mat ze prägen.

No laange Joere mat Balen an Tombolaen ass 1984 un d’Organisatioun vun engem gréissere Fest geduecht ginn. Zesumme mam Baertrëffer Keeleclub ass dem Jos Kimmes séng Scheier an der Kéier a ville Stonnen Aarbecht an d’Rei gesat gi fir de Weekend vum 4. an 5. August 1984 déi éischt Gäscht ze empfänken. Och no der Opléisung vum Keeleclub huet dat gewielte Schema vum Fest mat qualitativ héichwaertegem Kascht, Gedrénks vun allen Zorten, Conzerten, Disco-owender, Powershowen, Kanneranimatioun asw. bis haut den 1. Weekend August zu engem onëmgängleche Rendez-Vous an der Scheier gemaach.

Scheierfest 1995 – Zoubreedung vum Fierkel: Poos Pierrot, Honnef Andreas an Schuller Jos

Scheierfest 1995 – Zoubreedung vum Fierkel:

Poos Pierrot, Honnef Andreas an Schuller Jos

Eng dynamesch an engagéiert Equipe vum Veraïn, eng gutt Zesummenaarbecht mam Propriétaire an eng trei Clientèle aus dem Duerf an der Emgéigend hunn d’Scheierfest bis haut iwerliewe gelooss.

Méindes nom Scheierfest 2001 – Opraumaarbechten: Millen Eugène, Laschette Marco, Wagner Claude, Millen Michel, Schumacher Mike, Bentner Carlo, Hubert Georges, Poos Pierrot an Schuller Jos

Méindes nom Scheierfest 2001 – Opraumaarbechten:

Millen Eugène, Laschette Marco, Wagner Claude, Millen Michel, Schumacher Mike, Bentner Carlo, Hubert Georges, Poos Pierrot an Schuller Jos

1990 ass d’Scheier zou Baertrëff vun engem staarke Stuerm oofgedeckt ginn an den Dëschtennisveräin huet wéinst de Reparaturaarbechte missen e Waldfest am Maartbësch organiséieren.

1990 – Nom Stuerm an der Scheier

1990 – Nom Stuerm an der Scheier

E puer Joer méi spéit ass beim Potere ronderëm de Patt d’Iddi gebuer ginn, en Viezfest ze organiséieren an den Oktober 1989 sinn déi eischt Äppel geraaf ginn.

Viezfest 1989

Viezfest 1989

1. Rei:   Millen Eugène, Laschette Marco, Schuller-Hansen Andrea, Wagner Mike, Schuller Jos, Schmit Guy, Portz Thierry, Hubert Frank,

Collignon-Metzdorff Cécile, Diedenhofen Christiane, Didenhofen Nadine, Hein Stéphanie

2. Rei:   Wagner Claude, Schummer François, Gudenburg Georges, Collignon  Yves, Poos Pierrot

Um 1. Viezfest, den 1. Oktober 1989 huet den Veräin sénge Clienten d’ganz Gamme Produkter ronderem den Apel ugebueden: sauren a séissen Viez, Aeppeldrëpp, Aeppelbeignets, asw.

Wéinst dem eenormen Aarbechtsopwand an deem oft schlechte Wieder am Oktober ass e puer Joer duerno op d’Viezfest am grousse Stil verzicht ginn an d’Duerfleit hunn an enger „Dir zu Dir Aktioun“ Viez doheem verkaaft kritt.

Nach haut rafen d’Membere vum Baertrëffer Dëschtennis Ufanks Oktober Äppel a keltere Viez fir dee bescht bekannte mobilen Viezverkaf an de Stroosse vun Baertrëff.

Dat turbulent Duerfliewen an den 90er Joeren an och virdrun huet den Usporn ginn 1990 en éischte kabarettisteschen Owend am Café Lenert opzeféieren. Den onheemlechen Erfolleg (de Sall ass aus allen Néit geplatzt) huet natierlech eng Suite verlaangt a bis 1994 hunn esou d’Membere vum Club hiert Kënnen un der Fieder an op der Bühn ënner Beweis gestallt.

Cabaret „Dëcke Gaas“ 1993 - Plakat

Cabaret „Dëcke Gaas“ 1993 - Plakat

Wann och d’Duerfleit (déi meescht op alle Fall) déi Cabaretsowender genoss hunn a si och nach haut vermëssen, ass de Schreiwer an den Akteuren iergendwann d’Zäit ausgaangen a si hunn d’Bühn dem Jemp Schuster mat senger Equipe iwerlooss, déi bis haut nach ëmmer e flotten a lëschtegen Owend garantéieren.

Zënter 10 Joer ginn déi kleng a grouss Memberen vum Veräin den 1. Mee an de Bësch fir e Meekranz ze maachen an e flotten Dag an hirer Dëschtennisfamill ze verbréngen.

 

 

 

Copyright (c) Dëschtennis Berdorf 2014. All rights reserved.