|

PREFACE
De Baertrëffer Dëschtennis get 40 Joer aal. Dat eise Veräin gäre feiert ass allgemeng bekannt. Wann een awer 40 Joer kritt, dann ass daat e besonnesche Grond fir ze feieren.
1962 hun e puer fervent Unhänger vum Dëschtennis de Baertrëffer Club gegrënnt. Mat ganz bescheidene Mettel hun si ugefang an haut ass der Veräin a feste Bestanddeel am Baertrëffer Veräinsliewen.
Fir daat richteg ze feieren ass e Comité d’Organisation op d’Been gesaat gin. Enner dem Impuls vun hirem Präsident hun si d’Festivitéiten zesummengestalt, wat vill Zäit an Arbecht an Usproch geholl huet.
Ech soen hinnen villmols Merci a wönschen hinnen fir d’Gelengen vun dësem Anniversaire alles Guddes.
Carlo Bentner
Präsident vum D.T. 1962 Berdorf asbl
|