@ Préface - Carlo Bentner

 

 

Préface

Mr Carlo BentnerA menger Egenschaft als derzaitege President vum Baertreffer Deschtennis Club halen ech drop, op dem 25. Jubileumsfest de Pioneier vun der ischter Stonn e groussen Merci auszeruffen fir die demoleg Initiative, de Verain ze grennen. Si hun villes am Dengscht vun eiser Jugend gemach, an hunn hiren Nofolger virgezechent, wie e klengen Sportsverain liewen a bestoen kann.

Den Deschtennis huet als Halesport eng Zukunft, zemol wou international op engem gewesse Niveau matgehale ka gin. Den Deschtennis as eng Sportart, die op dem klengsten Duerf praktizeiert ka gin an dofir huet en en onverkennbare Waert am Letzebuerger Sportsliewen.

Meng Mataarbechter am Comité si mat mir eens, dat mir hei zou Baertreff och weiderhin kang Mei scheie waerten, fir eis Jugend, Jongen a Medecher un die schene Sport erunzefeieren an hine esou eng sennvoll Fraizaitgestaltong ze vermettelen.

Main deifste Wonsch wir, dei näxt Jaren an sportlecher Enegkeet unzegoen, well d’Enegkeet brengt den Erfolleg d’Fredd, déi een u säi Veräin bent.

Bentner Carlo
président