| |
D’Veräinschronik , aus der Erënnerung eraus.
Wann och de 5. Juli 1962 als offizielle Grënnongsdag zielt, sou as et awer néideg erauszesträichen, watt virdru gelaf as.
De Paul Dostert war ëmmer e Fervent vum Dëschtennis-Sport gewiesst. Hien de Wanter iwwer, d’Salle a manger vum Hôtel an e Spillsall ëmgewandelt. Do ass dann äerdeg „Pingpong“ gespielt gin, awer un e Veräin as nach nët esou richteg geduecht gin. Dem Paul Dostert säi Striewen as awer gewiest, der Duerfjugend an engem zousätzleche Sportsclub eng Alternativ ze bidden, zemol den F.C. Arantia zou deer Zait nemmen en 1. Equipe hat, an déi jonk Sportler bestefalls eréischt mat 16 Jar opgeholl gouwen. Säin Noper Jos. Wagner, dien als Stodent den Dëschtennis kennegeléiert hat, war geschwë vun deem selwechte Féiwer gepaakt an du koum, duerch si zwéin, d’Saach esou lues un d’Rullen. De Paul Dostert an de Jos. Wagner, déi eischt Spiller vum Veräin konnten eleng keng Equipe ausman an dofir hu se sech vun e puer Eechternacher Spiller verstäerke gelooss. Dat waren de Jos. Schosseler, Vic Wiroth a Fr. Wiltgen. Den „D.T. Berdorf“ goung gegrënnt, dat war also den 5. Juli 1962. Am Comité waren als Präsident, René Wagner als Caissier, Jos. Wagner als Sekretär, Paul Dostert an Schmit Mathias als Mêmberen. 62/63 gouf also mat enger 3/4 – Echternacher Equipe gespillt. 4. Mann war mol den Paul Dostert , mol de Jos. Wagner.
Ustouss fir d’definitiv Grënnung wor awer och den Ëmbau am Café Heinen, wou 1961 e geraimegen Festsall aus dem fréieren Geställs enstane war. An deer Zait huet och den Ern Valerius a säi Brouder Gast mat Spillen ugefangen. D’sportlech Resultat war ganz gutt, well den Eechternacher Renfort all gutt klasséiert Spiller waren. D’Disziplin huet awer ze wënschen iwereg gelooss, sou dat eis zwéin aktiv Sportler, déi en Ideal an der Saach gesin hun, méi wéi hir Hänn voll ze don haten.
De Schullmeester Edmond Steyer war vun Ufank un un der Saach interesséiert. Mat de Spiller Dostert, Wagner a Valerius huet hien trainéiert, konnt awer virleefeg wéinst sengem Examen an aner sportlechen Engagementer nët matman. 1963 awer, nos enger definitiver Ustellung, huet hien sech voll engagéiert. Déi Eechternacher Spiller gouwen net méi gebraucht. An der éischter Equipe hun du Paul Dostert, Jos. Wagner, Ern Valerius a Edmond Steyer gespillt. Zougläich gouf eng grouss a geziilt Nowuesaarbecht gemaach. An der Schoul gouf en Dësch opgestalt – deemols wor do nach e Sall fräi – a vill Bouwen aus de Jargäng 1951 – 1954 goufen vum Edmond Steyer an d’Spill agefouert : Pierre Millen, Edy Gillen, Jean Konsbruck, Maurice Eiffes, Roby Eiffes, Edmond Ries, Fernand Eiffes, Carlo Gilbertz, Georges Konsbruck, René Schmalen, Jean Muller, Armand Weis, Jos. Schuller, Anerer hun mat ugefaang, hun awer keng Lizene am Veräin maache gelooss.
Sou konnt also déi näxt Championnat mat 2 Equipen gespillt gin, a virun allem mat Jugendequipen. D’Formatioun Georges Konsbruck, Fernand Eiffes, Carlo Gilbertz huet an der 1. Klass Scolaire gespillt., de Georges konsbruck war mat 11 Jar Vize-Landesmeester a senger Klass an huet Scolaire-Nationalequipe gespillt. Op villen Tournéier hu si sech mat dene besten aus hirem Alter gemooss. Opgrond vun deer virbildlecher Jugendarbecht vum Veräin as den Edmond Steyer an Jugendkommissioun vun der Federatioun ernannt gin.
E puer Junior-Matcher vun der lëtzebuerger Nationalequipe huet de Veräin am Sall vum Café Heinen organiséiert.
An der Tëschenzäit hat de Veräin sech op „T.T. les Petits Suisses“ ëmgedeeft. Enner deer internationaler Bezeechnung „T.T.“ (Table Tennis, Tennis de Table, Tischtennis) hun déi auslännesch Touristen am Duerf gewosst, mat wiem s’et ze don haten, wann de grousse Péngstbal organiséiert gouf.
De Veräin as gewuess. Nei Spiller koume bäi: Georges Prim, Aly Portz, Aly Schmartz, spéider Fred Prim. De Veräin stoung ob feste Been. Niewt 4 Seniorequipen hun du nach 2 Juniorequipen gespillt. 1971, eigentlech scho fir d’zéngjäireg Beston sin déi 1. Ostmeeschterschaften vum Bäertreffer Veräin organiséiert gin, déi opgrond vun hierem sportleche Wäert sou en Uklank an der Federatioun fonnt hun, datt si, d’F.L.T.T., esou Kompetitioune vun do un am ganze Land duerchféiere geloos huet.
Iwerall am Duerf hu jong Spiller trainéiert: an der Schoul wéi scho gesin, um Camping Léon Stirn, um geraimege Späicher vun der Metzlerei Schilt. Spillernowues aus de Jargäng 1956-1960, spéider vun 1961-1963 war geséchert, an domatt och d’Zukunft vum Veräin, wann och d’Leit vun der éischter Stonn nët méi derbäi waren. Nimm wéi Emile Konsbruck, René Schilt, Guy Adehm, Pierrot Poos, Francis Schummer, Jean Schmitt, Eugène Millen, Yves Collignon, Frank Schilt hun elo gehollef d’Mannschaftsziedelen fëllen.
Den Här Léon Stirn (1962-1963) hat d’Präsidentschaft un den Här Ed. Lambinet (1964-1965) ofgetrueden, duerno as den Här Pierre Muller (1966-1971) gewielt gin, hien huet säi Posten un den Här Erich Machaczeck (1972-1978) ofgin, bis hien fir d’zweet zréckgewielt gouf (1979-1982). Vun him huet den Här Carlo Bentner 1983 d’Ledong vum Veräin iwwerholl.
1971/72 huet de Veräin d’Lokal Heinen gekënnegt kréit, an huet deels op dem Gemengesall, deels Musek-respektiv Gesangsall gespillt.
Vun 1972 u gët am grousse Sall vum Camping Maartbësch gespillt. Sportlech daat best Jar war d’Meesterschaft 79/80 wou de Sprong an d’Promotioun geschafft gouf.
No dem Transfert an aner Veräiner resp. Dem Ophole mat Spillen vun verschidde gudde Spille ras d’éischt Equippe nees an d’drëtt Divisioun erofgerutscht.
Déi nei Generatioun huet awer och nët geschlof: Déi villmoleg Landesmeesterin Jeanny Dom aus Eechternach gouf 1984 als Trainerin engagéiert an as nees geziilt Breedenaarbecht mat der Jugend gemaach gin. Och Medercher goufen obgeholl. An datt den Veräin ëmmer nach vital as, beweist d’Resultat vun der leschter Meeschterschaft, wou en sech fir den 25. Anniversaire de schéinste Cadeau gemaach huet, wéi mat enger 1. Plaz an hirem Bezirk nees déi 2. Divisioun erreecht gouf.
De Stack vun den Jéngsten aus dem Veräin schéngt ze verspreechen:
Vivat, floreat, crescat!
|
|