@ t’Wuert vum Präsident

 

 

Wöllkomm zu Bertreff

Ech hèschen all Spiller vu Sauer a Musel, aus dem Distrikt Grevenmacher, hèrzlech wöllkomm op eiser e’schter Ostmésterschaft.

Eisen Distrikt ass am Verband mat 22 Vereiner wirklech stark vertrueden, a mir fannen Ostmannschaften an allen Divisio’nen a Bezirker.

Et wor eis Idi, fir de‘ vill Spiller aus dem Osten vum Land a speziellen Turne’er opzeze’en, eng Ostmésterschaft. D’Vainqueuren aus de verschiddenen Klassen, de‘ no Handicapformel ermöttelt gin, droen fir t’Joer 71 den Titel vun engem Ostméschter.

Ech mengen domat hu mir am reichhaltegen Turne’erkalenner e Lach gestoppt an en Turne’er geschaft, dé bei all Spiller Uklang fönnt.

Et war nach emmer eist Bestriewen, mat Vereiner aus der Ge’gend, ge’nt de‘ eis Equippen spillen mussen, gut auszekommen an hinnen ge’ntiwer fair ze sin. Mir verspréchen och dös Ke’er Iech ne ze enttäuschen an dir wert e puer flott Döschtennis stonnen hei zu Bertreff erliewen. Ech wönschen jidferengem „bonne chance“ am Kampf fir dösen oder dén Ostméschtertitel.

Pierre MULLER

 

 

Copyright (c) Dëschtennis Berdorf 2014. All rights reserved.